Erasmus+ "There is something new under the sun" | Page 19

Zesumme mat den Austauschschüler aus Däitschland, Frankräich, Italien, Türkei hu mir awer och d’Land, d’Kichen a Gewunnechten vun de Finnen entdeckt : d’Sprungschanz vu Pujo besicht, en Eishockeymatch verfollegt, e Saunagang mat uschléissendem Andauchen am zougefruerene Séi ënnerholl, Schlitt a Schlittschong gefuer, um Séi e Feier gemat a gegrillt, vun Hierke bis Elchragout konnten déi lokal Kiche schmaachen, eng Forschungsstatioun mat integréierter Schoul fir nei Beruffer am Energiesektor besichen an un enger Ofschlossfeier an engem Premier Bal an enger weiterbildender Schoul Deel geholl.

Et war zäitwäiss eng grouss Erausfuederung fir eis sech un alles ze gewinnen awer eng immens flott Woch, wou mir vill nei Erfahrungen mat heem geholl hunn.

No eisem Austausch a Finnland krute mir dann och d’Geleeënheet eis Rees an de Projet a verschidde Klasse virzestellen. Weider Fotoen an Aktivitéite ronderëm de Projet fann Dir och op eisem Blog: www.ltbnews.wordpress.com

Noémie, Daniel, Franco a Virgil

Hei de Link op eis Presentatioun:

https://prezi.com/rurbfehb9ig5/kopie-von-world-geography/