Erasmus+ "There is something new under the sun" | Page 18

Am Kader vun eisem Projet Erasmus+ « There is something new under the sun » konnte mir, Noémie Dias, Virgil Engel, Daniel Malheiro a Franco Orsino vun der Klass 9MO2 zesumme mat eisen Enseignanten, Lydie Gaspar a Charles Biver, un engem Austausch a Finnland vum 08. bis de 14. Februar 2015 Deel geholl.

Kiitos

to Finland!

Nieft eiser Gaaschtfamill, enger anerer Kultur, d’Land Finnland, der Stad Kuopio, der Schoul Hatsalan Klassillinen Koulo an de ville neie Leit kenne léieren, hu mir den Dag iwwer an der Schoul um Unterrecht Deel geholl.

Mir haten als Aufgab a gemëschte Gruppen mat Schüler aus verschiddene Länner am Science-Unterrecht d’Phänomen Dag a Nuecht duer ze stellen an d’Nordliichter a Form vu Puzzel ze entdecken, an der Mathé eist Planéitesystem an de Weltraum moossstabgerecht mat Loftballonen a Pappmaché nozebauen an an de Sproochen e Video-Dictionnaire ronderëm d’Sonn an Alldagsituatiounen op alle Sproochen ze entwerfen.