D’Gaardesaison 2014/2015 hu mir eng Parzell am Schoulgaart no dem Prinzip vun enger Sonnenauer oder Blummenauer ugeluet an eis un d'Theorie vum Carl von Linné (1707-1778) gehalen.
De schwedesche Naturwëssenschaftler Carl von Linné hat schonns 1747 eng Blummenauer, e Blummebeet a Form vun Zifferblat mat 12 Ënnerdeelungen ugeluecht a konnt feststellen dat bestëmmte Planzenzorten nëmmen zu bestëmmten Auerzäite a Liicht bléien.
Blummenauer 1745 vum Carl von Linné entwéckelt an zu Uppsala a Schweden ugeluet (Source: meinschoenergarten.de)
De Botaniker Linné huet duerfir e Beet a Form vun engem Krees ugeluet.
Op déi Plaz, déi bäi 9 Auer läit, huet hien d’Margréitche geplanzt, déi fir dës Auerzäit hir Bléi opmécht. An dat Feld, dat op 5 Auer steet, koum zum Beispill de Mohn, dee vu 5 bis 18 Auer bléit. Fir d’Zäiten 13 bis 24 Auer huet hien e Krees banne gezunn, wou dann d’Planze gesat goufen déi hir Bléien ëm déi Zäit zou maachen. Esou steet de Kürbis op 15 Auer am bannenzéchste Krees, well hie vu 5 bis 15 Auer bléit. Hien huet esou probéiert fir all Dageszäit eng Planz ze fannen fir kënnen a seng Blummenauer ze setzen.
Mir hunn e Beet erausgesicht dat zu all Dageszäit vun der Sonn beliicht gëtt. Mir hu mat enger Schnouer e Krees an eist Beet gezunn a en hëlzene Stil an d’Mëtt gesat. Spéider soll hei eng Riisesonneblumm de Schied werfen fir d’Auerzäit kënnen ofzeliesen.
Fir d’Auerzäite festzeleeën hu mir mat eisem Kompass d’Positioune vu Norden a Süden ausgemooss. Eist Beet hu mir an 12 Andeelungen ënnerdeelt, mat Steng ofgetrennt an hunn en Holzschëld mat der Auerzäit derbäi gesat. An déi verschidden Ënnerdeelungen setze mir Courgetten, Paprika, Muerten, Bounen, Zalot, Kabes, Réidercher a ronderëm planze mir e Krees mat klenge Sonneblummen, déi mir amgaang si virzezéien.