Eng Sonnenauer an eisem Schoulgaart
TEMPUS FUGIT - FRUERE HORA
D’Zäit vergeet – genéist all Stonn
Brauch de Mënsch haut nach eng Sonnenauer? Eigentlech net, awer et ass net onwichteg ze verstoe wéi déi Stand vun der Sonn eisen deegleche Rhythmus bestëmmt. Geet d'Sonn op, gëtt et hell, geet si ënner ass et Nuecht. De Mënsch lieft mat dësem Wiessel. Den Dag iwwer si mir aktiv an nuets schlofe mir.
Sonnenauere gehéieren zu den eelste wëssenschaftlechen Instrumenter. Gebaut goufe si schonns vun den ale Babylonier, spéider vun de Griichen a Réimer. Si erméiglechen eis d'Zäit tëscht Sonnenopgank a Sonnenënnergang a Stonnen anzedeelen an och d'Joreszäiten ze erkennen, wann d'Sonn ëm déi selwecht Zäit méi oder manner héich steet.
Och zu Lëtzebuerg hu sech Hobbyastronome mat der Léier vun der Gnomonik beschäftegt a richteg Konschtwierker vu Sonnenaueren entworf. Hei fann Dir e puer vum Architekt Michel Wagner gebauten Aueren. Hien hat sech säit 1974 op d'Konstruktioun vu Sonnenauere spezialiséiert a sech och international e Numm gemaaach. Och op senger eegener Hausfassade zu Beggen hänkt d'Sonnenauer Jang de Blannen, déi hien 1979 entworf hat.