Erasmus+ "There is something new under the sun" | Page 49

Eis Schüler goufe bäi hirer Urees Sonndes zu Bordeaux ganz häerzléch vun hire Gaaschtfamilljen wou si eng Woch laang ënnerbruet waren, empfaangen a konnten esou den Alldag bäi hinne materliewen.

Méindes 29. Februar hu mir all nodeems mir vun dem Här Direkter M. Andro empfaange goufen, eng Visite vun der Schoul gemaach. No dem gemeinsame Mëttegiessen an der Schoul hu mir un zwee Atelieren zu erneierbaren Energien a Bau vun engem Passivhaus presentéiert vun der Associatioun CREAQ (Centre régional d’éco-énergétique d’Aquitaine), déi Ëmweltberodung fir Privatleit a Betriber ubitt, Deel geholl.

Dënschdes 01. Mäerz konnten eis Schüler um regulären Unterrecht am Franséischen, der Geschicht an der Mathé Deel huelen. Nomëttes hunn all Korrespondenten a franséisch Schüler aus de Gaaschtfamillje mat den Enseignanten eng organiséiert Visite guidée vun der Stad Bordeaux gemaach.

Mëttwochs 02. Mäerz stoung als éischt eng Visite vun der Chocolaterie artisanale Aliénor um Programm, duerno eng Visite guidée zu Arcachon, presentéiert vu Schüler aus enger lokaler Hotelsschoul an d’Visite vun der Dune du Pilat, der héchster Dune an Europa.

Donneschdes 03. Mäerz hunn d’Schüler am Musée Cap Sciences u verschidden Ateliere konnten Deel huelen : eng Sonnenauer bauen, d’Sonn beobachten an e Solaruewen ausprobéieren. Duerno gouf zesumme mëttes giess mat uschléissender Chasse au trésor a Bordeaux. Owes stoung du nach déi grouss Ofschlossparty am Lycée um Programm.

Freides 04. Mäerz hunn d’Schüler de Bilan gemaach vun der Woch an a Gruppen eng Powerpoint zu den Aktivitéiten erstallt a presentéiert. No dem Mëttegiessen an der Schoul stoung de Nomëtteg fräi fir mat de Gaaschtfamillen hir fräi Zäit ze genéissen éier et Samschdes erëm op den Heemwee goung.

D’Enseignanten aus de verschidde Partnerlänner hunn sech dernieft an der Schoul getraff,fir de Bilan ze maachen, gemeinsam festzehale wat opsteet a gemaach muss ginn an zesumme mat de Schüler d’Stad an déi verschidden Aktivitéiten entdeckt.