Erasmus+ "There is something new under the sun" | Page 48

Austausch zu Pessac a Frankräich

Am Kader vum Projet sinn eis Schüler Veronike Lourenço Ortigueira a Gian-Vito Rotolo vun der 8MO1, Jenilson Modesto Lopes a Bruno Oliveira Soarses vun der 7MO2 aus dem Régime préparatoire zesumme mat hiren Enseignanten Lydie Gaspar a Charles Biver vum 28. Februar bis de 5. Mäerz op Pessac bäi Bordeaux gereest fir un engem weideren Austausch ronderëm d’Thema Sonn Deel ze huelen. Nieft der franséischer Kultur, der Stad Bordeaux a nei Leit kenne léieren stoungen eng ganz Rei Aktivitéiten zesumme mat de Partner aus Frankräich, Däitschland, Finnland, Italien an Tierkei zu den erneierbaren Energien organiséiert vun der Partnerschoul « Lycée Professionnel Philadelphe de Gerde » um Programm.

De « Lycée Professionnel Philadelphe de Gerde » befënnt sech am Viruert Pessac, eng 40 Minutte mam Tram vu Bordeaux ewech. De Lycée huet ëm déi 500 Schüler am Alter tëscht 14 a 19 Joer. D’Schüler komme gréisstendeels aus der Ëmgéigend. Kommen se vu méi wäit, besteet d’Méiglechkeet d’Woch iwwer am Internat mat enger Kapazitéit fir 70 Jongen a Meedercher ze logéieren. D’Schoul offréiert och Hallef-Pensioun. De Stonneplang ass vun 8h15 bis 12h10 a vun 13h30 bis 17h25 vu Méindes bis Freides.

D’Schoul bidd Formatiounen am Industrie- an am Secteur Tertiaire/Servicer un. D’Schüler kënne e Bac professionnel iwwer 3 Joer ganz an der Schoul maachen zum Beispill an der Electrotechnique, Technique du Froid et Conditionnement de l’air, Pilotage de ligne de production, Maintenance des systèmes énergétiques et climatiques wéi och an der Vente an am Commerce de détail.

D’Schoul bidd awer och eng 3ième Prépa-Professionnelle un, déi sech un d’Schüler vun der 4ième aus dem Collège riicht. D’Schüler gi fréizäiteg aus dem Collège eraus geholl an an dëser Klass ob e méigleche Beruffswee hin orientéiert. D’Basiswësse gëtt opgeschafft an de Schüler gi besser Léiermethode vermëttelt an organisatoresch Hëllef ugebueden. Dës Schüler ginn duerno op e CAP (Certificat d’aptitude professionnel) hin och an deenen zwee genannten Domainer hin orientéiert. E CAP geet iwwer 2 Joer mat der Méiglechkeet herno de Bac professionnel unzefänken.