Erasmus+ "There is something new under the sun" | Page 8

Mir entwerfen e Logo fir eise Projet

E Logo soll präzis a kloer duerstellen ëm wat et geet. All Iwwerflësseges soll eweg bleiwen. De Logo soll ee vergréissere kënnen an de Logo ka mat Symbol, Bild, mat oder ouni Numm versi ginn. D’Auswiel vun der Schrëft soll awer dobäi originell sinn.

Fir dëst ëmzesetzen hate mir d’Designerin Julie Conrad (www.julieconrad.lu) bäi eis an d’Klassen 7MO1 a 9MO2 invitéiert. Nodeems mir eis unhand vu bekannte Marke vill verschidde Logo ugekuckt hunn, hu mir alles wat eis un eisem Projet wichteg ass un der Tafel festgehalen.

All Grupp huet sech fir ee Logo entscheed an dësen hu mir bäi der nächster Etapp am Adobe Illustrator mat eiser Zeechnung am Hannergrod nogezeechnet a faarweg ausgemoolt.

Ganz zum Schluss hu mir dunn 3 Logo erausgesicht déi eis Schoul zu Kuopio a Finnland vertrueden hunn. Hei hu mir déi exzellent 2. Plaz mat dem Logo SUN hanner dem Gewënnerland Frankräich gemat.

Jiddereen huet fir sech dunn 3 Iddieën zeréck behalen an dës skizzéiert. Duerno hu mir eis a Gruppen zu zwee zesumme gesat an eis géigesäiteg eis Iddien erkläert. Uschléissend huet jiddereen seng beschten Iddi eraus gewielt an eise Gruppepartner huet eis d’Decisioun virun der Klass presentéiert.