Mir experimentéieren
Am Kader vum Projet Erasmus+ "There is something new under the sun" hunn d'Schüler vun der Klass 7MO2 sech an de Science mat dem Thema Sonnenenergie beschäftegt.
Si hu gesinn, wéi ee kann d'Energie, d'Wäermt an d'Liicht vun der Sonn notze fir ze hëtzen a Stroum ze produzéieren, den Ënnerscheed tëscht Sonnekollektoren a Solarzellen, Solarthermie a Photovoltaik kenne geléiert, verschidde Solarbooter, Solarhaiser, Solariewen, Solarautoen a Fliger gebaut, d’Autoën un d’Rulle bruet a mat de Solariewen Waasser a Wierschtercher erhëtzt.
Och eng Austellung am Gang huet déi aner Matschüler an Enseignanten invitéiert sech hir Aarbechten unzekucken an en Abléck an d'Solarenergie ginn.