Erasmus+ "There is something new under the sun" | Page 41

Teşekkür ederim

Am Kader vum Projet Erasmus+ « There is something new under the sun

» si mir fir eist 3. Treffen op Istanbul an d’Türkei gereest. D’Ziler vun

dësem Treffen tëscht alle Partnerlänner waren eise Schüler aus dem

Régime préparatoire Noémie Dias Semedo, Felismina Jacinto Ferreira,

Miguel Gonçalves Matias, Hamdija Kuc zesumme mat hiren Enseignanten,

Lydie Gaspar a Charles Biver, en Abléck an eng friem Kultur ze ginn,

d’Stad Istanbul ze entdecken esou wéi den Alldag an enger friemer Schoul

a Famill mat ze erliewen an ze deelen.

D’Schüler waren a de Familjen vun hiren türkesche Korrespondenten ënnerbruet an hunn den Dag iwwer an der Schoul um regulären Unterrecht am Däitschen an Engleschen Deel gehol. Si haten als Aufgab a Gruppen an der Physik a Geografie d’Phänomen Dag a Nuecht duer ze stellen an dobaussen am Schoulhaff gemeinsam mat hire Partner eng Sonnenauer ze bauen. An de Sproochen hu si e Video-Dictionnaire ronderëm d’Sonn erstallt.

Zesumme mat deenen aneren Austauschschüler an hire Korrespondenten hunn eis Schüler awer och d’Land, d’Kichen a Gewunnegten entdeckt, de Miniaturk Park besicht, op der Universitéit « Istanbul Aydin University » de Bau vu Solarautoen ekläert kruet, d’Aalstad Istanbul mat de ville Museeën, Moscheeën, Monumenter a Bazar entdeckt an eng Bootstour um Bosporus mat Ofschlossiesse gemat.

D’Enseignanten hirersäits hu sech all Dag an der Schoul getraff, fir de Bilan ze man, gemeinsam festzehale wat opsteet a nach gemat muss ginn, um Unterrecht Deel ze huelen an zesumme mat de Schüler als Ofschloss d’Stad Istanbul ze entdecken.

D’Schoul Doğa Koleji ass eng Privatschoul fir Kanner am Alter tëscht 3 a 17 Joer. Dëser Schoule ginn et ongeféier 100 an der Türkei dovunner aleng ëm déi 40 zu Istanbul. Doğa heescht Natur an eent vun den Ziler vun dëser Schoul ass et d’Natur an Ëmwelt de Schüler vu Klengem u méi no ze bréngen. E weidert d’Zil sinn d’Erléiere vun de Sproochen. Vun der Spillschoul u léieren d’Kanner Englesch. Däitsch kënnt an der Grondschoul bäi.

Hei kri Dir e klengen Abléck vun deem wat mir erlieft hunn:

: