D'Sonn als Energiespender
Et gëtt Liewen op der Äerd, well d'Sonn eis zwou wichteg Saache liwwert: Wäermt a Liicht. D'Sonn ass also d'Grondlag vum Liewen op eiser Äerd. All Déier an all Bam, all Blumm an all Fruucht ass mat Hëllef vum Sonneliicht entstanen. Ouni Sonn ass d'Liewen op der Äerd net méiglech.
Vum Mënsch gouf d'Sonn schonns fréi als Energie genotzt. Säit déi fossil Rohstoffer méi knapp ginn, d'Risike vun der Atomindustrie erkannt sinn an de Bewosstsënn fir eis Ëmwelt klëmmt, gëtt d'Sonnenenergie ëmmer méi wichteg fir de Mënsch.
D'Sonnestrale kënnen a Wärmeenergie ëmgewandelt ginn an d'Sonn kann och Stroum produzéieren. Mat deem leschte Volet Elektrizitéit a Sonn hu mir, d’Schüler vun der Klass 9MO2 a 7MO1 eis beschäftegt an hunn am Kader vun eisem Projet Erasmus+ „ There is something new under the sun“ eng Visite am Musée Tudor zu Rouspert gemaach a probéiert Äntwerten op folgend Froen ze fannen:
Wéi hu fréier d'Handwierker an d'Baueren hir Aarbecht konnte maachen ouni elektresch Maschinnen an ouni elektresch Beliichtung?
Wou kënnt d'Elektrizitéit hir? Wat ass Elektrizitéit?
Wat huet den Henri Tudor erfonnt?
Energie kann ënnerschiddlech produzéiert ginn an ënnerschiddlech ausgesinn. Wat ass den Ënnerscheed tëscht Wiesselstroum a Gläichstroum? Wéi muss e Stroumnetz opgebaut sinn, fir zu jidder Zäit Elektrizitéit kënnen ze liwweren? Wat fir Méiglechkeete gëtt et haut fir Elektrizitéit ze produzéieren?
Sou kënne Solarzellen op dem Dach d'Sonnestralen direkt an elektresch Energie ëmwandelen. Solarzelle fënnt een awer och bäi Täscherechner, Täscheluuchten, Gaardeluuchten, Vëloen, Solarbooter, Autoen a Fliger.
Solarzelle bestinn an der Regel aus Silizium. Eng Solarzell wandelt d'Liicht vun der Sonn an elektresch Energie ëm. Fir ze gesinn wéi dës Wandlung vu Solarenergie an elektresche Stroum funktionéiert hu mir eng Solarblumm gebastelt.
Mir hu Schabloune op Moosgummi kopéiert fir eis Blumm hirzestellen. D'Solarzell hu mir un de Motor ugeschloss, Plus- a Minuspole verbonnen an den Drot dertëscht festgepecht. Schonns bäi normalem Dagesliicht hu sech eis Sonneblummen dobausse gedréint.