Erasmus+ "There is something new under the sun" | Page 2

Mat eisem Projet wëlle mir

- de Bewosstsënn verstäerken dat mir Europäer sinn

- dat ee vun deem anere léiert

- eis Schüler encouragéieren kritesch a verantwortungsvoll ze handelen

- ervir hiewen, dat et wichteg ass friem Sproochen ze léieren a mat neie Medien ëmzegoen

- drop opmierksam maachen dat e nohaltegt Handelen am Beräich Ëmwelt a Sonnenenergie noutwenneg ass

- Schüler, Elteren an Enseignante motivéiere sech mat deem aktuellen Thema Energie an Energiewandel auserneen ze setzen.

Eise Projet ass en Erasmus+ KA2-Projet, dee sech mat dem Thema Sonn a Sonnenenergie befaasst. De Projet heescht

“There is something new under the sun”.

Folgend Schoule schaffe während de Schouljoren 2014/15 an 2015/2016 zesummen:

Gymnasium Waldkraiburg zu Waldkraiburg an Däitschland

(www.gymnasiumwaldkraiburg.de)

Hatsalan klassillinen koulu zu Kuopio a Finnland (www.kuopio.fi)

Lycée Professionnel Philadephe de Gerde zu Pessac a Frankräich

(www.lyceepro-pessac.fr)

Instituto Tecnico Commerciale „Vitale Giordano“ zu Bitonto an Italien

(www.itcbitonto.it)

Ozel Beykent Doga Anadolu Lisesi zu Istanbul an der Türkei

(www.dogakoleji.com)

an eis Schoul, de Lycée technique de Bonnevoie zu Lëtzebuerg

(www.ltb.lu).