Schonns fréi hunn d’Mënschen erkannt wat fir eng grouss Bedeitung d’Sonn fir d’Liewen op der Äerd huet. Jidderee konnt d’Sonn gesinn a spieren. Si huet Guddes bruecht, Liicht, Wäermt, Wuesstem awer och manner Guddes wéi Drechent an Hongersnout an domatter den Doud.
Europa :
D'Sonnegottheeten am ale Griicheland woren Helios an Appolon. Heliostempel goufen op ville Plazen opgerit, zum Beispill a Korinth, Argos an op der Insel Rhodos, dem Zentrum vum Kult. A Roum ass d'Sonn a Gestalt vum Gott Sol veréiert ginn.
Amerika:
A Nordamerika gouf d'Sonn vun den Indianer veréiert. De Sonnendanz ass dobäi déi eelsten Zeremonie vum Vollek vun de Sioux. Och a Mexiko a Peru wor de wichtegste Gott bäi den Azteken den Huitzilopochtli. Hie symboliséiert d'Sonn. De Sonnegott gëtt all Dag nei gebuer vun der Erdgöttin Coatilcue, stierwt all Owes a verschwënd an der Äerd.
Asien:
A Japan ass déi héichste Gottheet d'Sonnegöttin Amaterasu, déi gläichzäiteg och Schutzgöttin vum Keeserhaus ass. Bäi den Inder am Hinduismus gouf d'Sonn als Gottheet Surya veréiert, déi a Südindien als béis an an Zentralindien als gudd gegolt huet. Dat berühmt Bauwierk, vun der Unesco zum Weltkulturierwen ernannt an dem Sonnegott Surya geweit, ass de Sonnentempel Konorak bäi Puri am Golf vu Bengalen. Am alen Ägypten gouf d’Sonn als Gottheet veréiert. D’Leit hunn zum Sonnegott Ra oder och Re genannt gebiet. Ra ass dat ägyptescht Wuert fir Sonn. An den Duerstellunge huet dëse Gott e mënschleche Kierper an dreet eng Sonn op sengem Falkekapp.
Am Kader vun eisem Projet hu sech d'Schüler vun de Klasse 7MO1 a 9MO2 konnten d'Âusstellung "Ägypten. Götter. Menschen. Pharaonen" an der Völklinger Hütte, Unesco Kulturerbe zu Saarbrécken an Däitschland ukucken. Duerch d’Ausstellung mat Exponaten aus dem Musée Egizio vun Turin hunn eis zwee Guide gefouert an hunn eis konnten déi 4000 Joer al alägyptesch Héichkultur wéi och d’Bedeitung vum Glaawen bäi den Ägypter op eng ganz interessant Aart a Weis méi no bréngen.
Sonnekult