Erasmus+ "There is something new under the sun" | Page 10

D’Astronomen, d’Wëssenschaftler déi d’Stäre beobachte ginn dervunner aus dat eist Universum och Weltall genannt virun ongeféier 15 Milliarde Joer duerch en Urknall entstanen ass. Esou sinn op ee Coup ënnerhalb vu Minutten all d’Stären, d’Planéiten an all Himmelskierper entstanen.

Eise Weltall ass onendlech grouss. Am Weltall gëtt et duerfir vill Galaxien a vill Sonnen. Eng Galaxie ass eng Usammlung vu Stären an eis Sonn, e Fixstär bild mat hire Planéiten e Sonnesystem an der Galaxie, dat Mëllechstrooss genannt gëtt. Wann ëm eng vun dëse Sonnen aner Himmelskierper kreesen, da bilden se all zesummen e Sonnesystem. Déi Himmelskierper, déi ronderëm d’Sonn kreesen, nennt ee Planéiten. Eist Sonnesystem huet insgesamt 8 Planéiten. Eis Äerd ass ee vun dëse Planéiten. De Planéit Merkur ass der Sonn am noosten, da kommen d’Planéite Venus, Äerd, Mars, Jupiter, Saturn, Uranus an de Neptun.

Fir eis e Bild ze maache wéi wäit déi eenzel Planéite vun der Sonn ewech sinn, hu mir op der Klass 9MO2 am Gang vun eisem Schoulgebäi an och dobaussen d’Sonnesystem mat engem Ball an Ubest nogestallt.

Als Material fir d’Planéiten duer ze stellen hate mir

- e roude Sëtzball fir d’Sonn,

- e Popcornkär fir de Merkur an de Mars,

- eng Noss fir d’Venus an d’Äerd,

- eng Pampelmuss fir de Jupiter,

- eng Orange fir de Saturn,

- eng Limon fir den Uranus an de Neptun.

Als Moosseenheet hu mir fir dobaussen, well do méi Plaz ass, eis Schrëtt a fir dobannen e klenge Lineal benotzt.

Mir hunn ee Schrëtt gemat oder ee Lineal tëscht Sonn a Merkur geluet, ee Schrëtt/Lineal tëscht Merkur a Venus, een halwe Schrëtt/Lineal tëscht Venus an Äerd, een an en halwe Schrëtt/Lineal tëscht Äerd a Mars, 9 Schrëtt/Lineal tëscht Mars a Jupiter, 11 Schrëtt/Lineal tëscht Jupiter a Saturn, 24 Schrëtt/Lineal tëscht Saturn an Uranus a 27 Schrëtt/LIneal tëscht Uranus a Neptun.

Eist Sonnesystem